Facebook Image
Follow Us On Twitter - Image
6e Sports
Eis 6e Sports bei engem Hockeyturnéier  
View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId79f682d2bd
 
View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProIdcf3dfa06ae
 ... an op der Kockelscheier
Olympiade des Sciences Naturelles

Les élèves Philippe CLEMENT et Elia ROSAFIO de la classe III/3.B.C1 se sont qualifiés pour la demi-finale de la 10e Olympiade des Sciences Naturelles, qui aura lieu le 19 décembre au Lycée de Garçons de Luxembourg. Philippe et Elia se sont positionnés à la 18e, respectivement 43e place du premier tour de la compétition, lors duquel ont participé 2235 élèves de 30 lycées.

Philippe CLEMENT, élève de la classe III/3.B.C1, s’est qualifié pour la finale de la 10ième Olympiade des Sciences Naturelles, qui aura lieu le 16 février 2017 au Lycée Michel Rodange. Il s’est classé 13ième sur 80 élèves avec 112,7 points sur 150.

20. Dezember 2016 : Chrëschtmoart

View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProIdda6f167581

Fotoen an der Galerie.

Visite vum Här Celada Villatoro op der 2A

Am Kader vum Spueneschcours haten d'Schüler vun der 2A t'Chance, den Här Celada Villatoro aus dem Guatemala begréissen ze dierfen. Den Anthropolog huet hinnen an senger Mammesprooch verschidden Informatiounen zu der Situatioun vun den Mënscherechter am Guatemala ginn. Dank hiren Spueneschkenntnisser hunn t'Schüler dem Virtrag kënnen opmierksam folgen an esou een Abléck an eng aner, bis dohin onbekannt Realitéit kréien.
Een groussen Merci un t'ONG "Terre des Hommes" fir dës aussergewéinlech Geleeënheet!

 
View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId494b299c75
Pen Pal Project
View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId024285239b
 

Zënter dem September 2016 ass den Andrew Ahearne vu Phoenix, Arizona, als English Teaching Assistant am LHCE am Asaz. Heen huet am Dezember e flotte Projet op d’Been gesat, bei deem et drëm geet lëtzebuergesch-amerikanesch Bréiffrëndschaften opzebauen. All Schüler vu 6e bis 1e kënne bei dësem Projet Bréiwer op Englesch schreiwen, déi dann un d’Red Mountain School zu Mesa an Arizona geschéckt ginn. Do profitéieren dann d’Schüler fir hirt Franséisch ze trainéieren an äntweren de Schüler aus dem LHCE dann op Franséisch.

E Mëttwoch, de 14. Dezember war deen drëtten Nomëtten wou no der Schoul bei Schoki a Kichelcher an enger gemittlecher Atmosphär fläisseg Bréiwer geschriwwe gi sinn. Am Ganzen sinn eng 50 Schüler um Projet bedeelegt, déi fräiwëlleg un dëser Aktivitéit matmaachen.

Association Narin

De Michel Scholer vun der association Narin ass op Klassen vun 3e an 2e eng Présentatioun an eng Diskussiounsronn zum Thema ‘Jugend a Politik’ maache komm.

View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId935cf9d5b6
 
9. Dezember 2016 : Theaterworkshop

E Freiden den 9. Dezember huet d’Regisseurin an Theaterpädagogin Linda Bonvini en Theaterworkshop fir d’Schüler aus der Optioun Literatur am LHCE ugebueden. De Klassesall war dofir dës Kéier de Festsall, well et virun allem drëm gaangen ass, ze léieren, wéi een sech kann am Raum bewegen a wéi Kierpersprooch op déi aner Leit am Raum wierkt. Eng Rei vun Übungen haten domat ze dinn, wéi een sech eleng mat Aekontakt kann verstännegen, bei aneren Aufgaben ass et drem gaangen e Klassekolleg wéi eng Skulptur an Szen ze setzen, an dann erauszefannen, wéi eenzel Betruechter dës Skulptur dann interpretéieren. Dat Ganzt war en aktiven an interaktive Workshop dee Spaass gemaach huet. Et war eng Méiglechkeet Konscht um eegene Leif ze spieren. D’Optioun Literatur ass also hirem Motto “Literatur liewen, liesen, sprayen” trei bliwwen.

9. Dezember 2016 : Visite Synagogue

Den 9.Dezember hunn d'Schüler vun der Optioun "Histoire et Philosophie des Religions" d'Synagogue zu Esch besichtegt. Si goufen empfaange vum Rabbiner Alexander Grodensky an kruten interessant Erklärungen iwwert d'Synagoge an dem Juddentum allgemeng.

View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId3f7d00ad90
 
Vendredi 02 décembre : science club - participation aux Researchers’ Days 2016
 
View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId1f672ca2f1

Plus de 30 élèves des classes de 3e, 2e et 1e ont participé aux ateliers interactifs des Researchers’ Days proposés à la Rockhal à la Esch/Belval. Les élèves ont par exemple pu s’intéresser à la physico-chimie du chocolat, aux problèmes de pression, aux globules sanguins ou aux microbes. Ils ont également découvert des robots sous contrôle, la production du fil de Spiderman ou encore les aspects multicolores de la nature. Ainsi, plus de 20 ateliers leur ont permis de mieux comprendre certains problèmes scientifiques.  

Nouvelle "Photo de Famille"
 

View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProIdfaba4c28ac

25. November 2016 : Optioun Literatur

E Freiden, de 25. November 2016 waren d’2e a 1e’s Schüler aus der Optioun Literatur an d’Kulturfabrik zu Esch fir bei enger Theaterprouf fir d’Produktioun “Mein Arm” dobäizesinn. Am Kader vun enger Sequenz Stonnen iwwer verschidden Theaterformen, hunn d’Schüler am Virfeld vun dëser Visite d’Stéck “Mein Arm” vum Tim Crouch gelies an diskutéiert. Dofir war et besonnesch spannend d’Regisseurin Linda Bonvini an den däitsche Schauspiller Thomas Halle kennenzeléieren, a hinne bei hirer Oarbecht iwwer d’Schëller ze kucken.

View the embedded image gallery online at:
http://lhce.lu/index.php/2016-2017?start=77#sigProId43db53cbf0
 

Am Dezember wäert d’Linda Bonvini dann nach an den LHCE kommen, fir mat de Schüler e Workshop ze maachen, éier mer dann am März d’Virstellung vum Theaterstéck zesumme kucke ginn an d’Resultat vun deem kreative Prozess kënne gesinn.