instagram

Facebook Image
Follow Us On Twitter - Image
Lübbecke 2017 (Lux.)

Dëst Joer huet de LHCE rem mat hirer Partnerschoul dem Wittekind Gymnasium aus Lübbecke e flotten Austausch am Kader vum Europrojekt organiséiert.
An engem éischte Volet as eis V/5.1. fir puer Deeg op Lübbecke gereest wou sie mat hiren Alterskollegen un engem Online-Zeitungsprojekt geschafft hun.
Niewebäi sinn dann och nach flott Visitten (e.a. Computermuseum,..) gemaach ginn.
Zu Lëtzebuerg gouf da weider um Projet geschafft an e.a. Schengen an d’Héichiewen um Belval besicht. Ausserdeem hun d’Schüler un enger Masterclass mam Pasha Rafiy deelgeholl.

Hei fannt dir och e klenge Video iwwert den Deel zu Lëtzebuerg.

E Film réaliséiert vum Tyana Schartz.

Weider Fotoen an der Galerie.