instagram

Facebook Image
Follow Us On Twitter - Image
27. - 29. April 2016 : Austausch mit Wittekind Gymnasium - 2. Teil

In der letzten Aprilwoche erfolgte nun die Fortsetzung des Projekts in Esch. Nach einer von Stau und Wetterkapriolen geprägten Anreise konnten unsere Schülerinnen und Schüler am frühen Abend ihren Familien die deutschen Gäste vorstellen. Am nächsten Morgen traf man sich in der Schule, wo die in Lübbecke begonnene Arbeit wieder aufgenommen wurde. Vom Computerraum aus ging es dann zu "RTL Lëtzebuerg" am Kirchberg, wo Einblicke in die Arbeit von Radio und Fernsehen ermöglicht wurden. Am Nachmittag besuchte die 56-köpfige Gruppe das "Filmland" in Kehlen, wo auf über 4000 Quadratmeter internationale Filmproduktionen gedreht und produziert werden.

 

Am nächsten Tag stand eine Fotorallye in Luxemburg Stadt auf dem Programm und die redaktionellen Aufgaben wurden erfolgreich abgeschlossen. Gemeinsam mit den Verantwortlichen und den Gastfamilien feierten die Jugendlichen beim Abschiedsessen den gelungenen Austausch zwischen unseren beiden Schulen und die vielen neu geschlossenen Freundschaften, die wohl der wichtigste Gradmesser für den Erfolg dieses traditionellen Projekts sind - und die Tränen beim Abschied erteilten uns den Auftrag, nächstes Jahr eine Neuauflage folgen zu lassen...
Hier geht's zu den Schülerproduktionen, die in Rahmen des Austauschs entstanden sind.

 

13. - 16. April 2016 : Austausch mit Wittekind Gymnasium (D)

Gut in Lübbecke angekommen sind die Schülerinnen und Schüler unserer 5.2, die dieses Jahr an dem traditionellen Klassenauschtausch mit unserer deutscher Europroject-Partnerschule teilnehmen. Neben dem Arbeitsschwerpunkt "Medien" stehen natürlich kultureller Austausch und gegenseitiges Kennenlernen im Mittelpunkt. Für ein abwechslungsreiches Programm und viel Spaß ist also gesorgt. Und hier in Esch freuen wir uns schon auf den Gegenbesuch Ende April! 

Photos in der Galerie.

 
21. - 25. Mee 2015 : Photo-Stage Stockholm

Am Kader vum Europroject waren d'Photosoptioune vun 3e (Madame Pascale Krier) an 2e (Monsieur Rupert Kraushofer) vum 21. bis de 25. Mee zu Stockholm. An Zesummenaarbecht mat eiser Partnerschoul "Danderyds Gymnasium" an hirem Design a Visual Arts Departement war am Virfeld e Programm zum Thema "Stereotypen" entwéckelt ginn, den da vun de schwedeschen a Lëtzebuerger Studente matenee fotographesch ëmgesat gouf. Als Präsentatiounsform fir de Resultat gouf eng klassesch Fotosausstellung gewielt, di selwer preparéiert gouf an am Hierscht och an eisem Lycée ze gesi wäert sinn.

Photoen an der Galerie.

 

7. - 11. Mee 2015 : Europroject: HEY-Conference Zaragoza

Dëst Joer hate mir di lescht grouss COMENIUS-Konferenz vun eisem Reseau a Spuenien zu Saragossa, wou 16 verschidden Europäesch Länner vertruede waren.
Am Mëttelpunkt stoungen dës Kéier den Ëmgang mat schoulesch, sozial a Verhalens-Problemer vu Schüler. D'Diskussioun vun dëse Problemer gouf op der Basis vum Miguel de Cervantes senger Novell "Don Quijote" gefouert.
Op organisatoreschem Niveau goung et elo virun allem ëm d'Zukunft vun eisem Reseau am neie Kader vum Erasmus+ Programm, den de Comenius ofléist.
D'Luana Capus, d'Lena Bertemes Lalia an de Philippe Mousel hunn eis Schoul a Spuenien vertrueden an eis hier Andréck esou zesummegefaasst:

  • Workshop :
    Mat Virfreed op dat gutt Wieder a Spuenien an op déi gutt Paella si mer an de Flieger geklommen. Mir hunn dohannen un Workshopen deel geholl déi 9 verschiddene Themae behandelt hunn. D'Haaptthema war Academical Behaviour & Social and Emotional Diabilities or Problems.
    Eis Groupe huet sech mam Thema Discrimination against Culture/Religion & Ethinicity ausernee gesat. An eiser Groupe ware Leit vun ganz ville verschiddene Länner. Mer hunn an eisem Groupe iwwert Virurteeler iwwer verschidde Länner geschwat. Mer hunn och no Léisunge gesicht fir d' Virurteeler an de matsechbréngenden Haass aus eiser Gesellschaft ze verbannen.

  • Famille :
    Pendant notre temps en Espagne nous avons été logés chez les familles des élèves de l’école où la conférence a eue lieu. Ce fut une expérience magnifique, aussi bien qu’une aventure. Nous avons été acceptés comme l’un d’eux. Non seulement nous avons crée un grand contact avec nos familles espagnoles mais nous avons aussi beaucoup appris. La culture d’un pays si proche est tellement différente. Nous avons appris à nous débrouiller avec une langue inconnue, dans une maison inconnue, dans un pays inconnu. Au même temps nous avons découvert un peu plus de nous mêmes. En grand ce fut une expérience qui nous a beaucoup servi et qui nous a aidé à grandir.

  • Schluss :
    So schnell das Abenteuer 'Europroject' anfing, fand es auch sein Ende. Kaum waren wir angekommen, schon fanden wir uns auf der Closing Ceremony, Arm in Arm tanzend mit Menschen, die fünf Tage zuvor noch Unbekannte waren und die sich in kürzester Zeit zur Herzensfreunden gemausert hatten. So viel haben wir in diesen wenigen Tagen gelernt, gelacht, und niemals werden wir diese wunderbaren, einzigartigen Momente vergessen. Niemals. Beim Abschied flossen viele Tränen und man versprach sich: "Wir sehen uns wieder!". Wir werden unser Versprechen halten. Europroject schenkte uns Freunde in ganz Europa, Freunde fürs Leben, und aus ganzem Herzen sagen wir: Danke!

 

26 au 30 avril 2015 : Masterclass Science

Lisa Houot, Maurice Wagner, Kevin Kunnert et Corinne Schiltz de la 2B ont participé avec leur régent François Wilwers à la « Masterclass Science » à Vienne, du 26 au 30 avril 2015.
Au programme : analyse chimique d’échantillons d’eau, visite de la centrale d’épuration d’eau de Vienne, ainsi que de la centrale hydroélectrique de Freudenau, découverte de Vienne et excursion au Neusiedlersee.
Ce voyage d’étude a été organisé par la « Bundesrealschule Wien 19 » dans le cadre de l’«Europrojet», qui regroupe 18 écoles de différents pays européens et qui promeut depuis 20 ans le développement scolaire.

Photos dans la Galerie.

 

Lübbecke 2017 (Lux.)

Dëst Joer huet de LHCE rem mat hirer Partnerschoul dem Wittekind Gymnasium aus Lübbecke e flotten Austausch am Kader vum Europrojekt organiséiert.
An engem éischte Volet as eis V/5.1. fir puer Deeg op Lübbecke gereest wou sie mat hiren Alterskollegen un engem Online-Zeitungsprojekt geschafft hun.
Niewebäi sinn dann och nach flott Visitten (e.a. Computermuseum,..) gemaach ginn.
Zu Lëtzebuerg gouf da weider um Projet geschafft an e.a. Schengen an d’Héichiewen um Belval besicht. Ausserdeem hun d’Schüler un enger Masterclass mam Pasha Rafiy deelgeholl.

Hei fannt dir och e klenge Video iwwert den Deel zu Lëtzebuerg.

E Film réaliséiert vum Tyana Schartz.

Weider Fotoen an der Galerie.

Masterclass du 2. au 4. février 2015 à l’auberge de jeunesse de Luxembourg

Institut de la Providence de Champion, Belgique
Lycée Saint Jude d’Armentières, France
Lycée Hubert Clément d’Esch-sur-Alzette

La déformation

Après une prise de contact ludique, organisée par Olaf Mertens, directeur de l’Institut de la Providence de Champion, les élèves de ce même lycée ont présenté à leurs collègues la chanson le Gorille de Georges Brassens.
Le challenge de la soirée était d’écrire une chanson satyrique en respectant ses composantes à partir du modèle de Brassens et en s’inspirant de faits d’actualité récents (atelier chanson: Isabelle Godfurnon).
Le lendemain après l’exposé d’Hervé Boëdec sur la déformation dans l’art contemporain, les élèves ont laissé libre cours à leur créativité en s’exprimant à travers trois ateliers :

  • les portraits expressionnistes (avec Mme Schüler LHCE),

  • la « surpeinture » de portraits imprimés des élèves (avec Mme. Sabattini LHCE)

  • la déformation de visages par des jeux d’élastiques (avec M. Speltz LHCE).

L’après-midi ils découvraient ensemble le secret de la caricature à travers l’historique du genre dans toute sa diversité (Hervé Boëdec, Lycée Saint Jude d’Armentières).
La journée s’est achevée par une sortie en ville où tout le groupe a eu la chance d’assister au spectacle « Courage » mêlant la danse, la littérature et l’installation.
Le dernier jour, c’est par l’interprétation de leurs chansons satyriques respectives que chaque groupe a livré un ultime partage avant une séance d’évaluation du séminaire sur la déformation.

Photos dans la Galerie.

 

EUROPROJECT : « Entrepreneurship » Konferenz
 

Zu Kopenhagen hat vum 7. bis den 11. November di traditionell Hierschtkonferenz vun eisem europäeschen Netzwierk stattfonnt. Dës Kéier waren allerdings och d’Schüler aus deenen 18 Länner invitéiert, goung et beim Thema „Entrepreneurship“ jo dorëms, di jonk Leit an hier innovativ Iddie mat anzebannen. D’Erika Ribeiro Dos Santos an d’Dina Becane Gonçalves vun der 1.D2 hate schonn d'lescht Joer an der Optioun „Mini-Enterprise“ vill Erfahrung an dem Beräich gesammelt a waren dowéinst och ausgewielt ginn, eis Schoul zu Kopenhagen ze vertrieden.

Zesumme mat hiren europäesche Kolleginnen a Kollegen hu se sech konkret mat technologeschem Fortschrëtt a mat sozial Problemer beschäftegt, fir déi dann och Léisungen a Form vun technesch Apparater oder Apps entworf gi sinn.

Begleed goufen di zwee vum Direkter Jean Theis a vum Europroject-Koordinator Rupert Kraushofer, di mat hiren internationale Kolleginnen a Kollegen dës Kéier niewen dem Thema „Entrepreneurship an der Schoul“ virun allem mat der Fortsetzung vum Europroject am Eramus+ Programm beschäftegt waren.

EUROPROJECT Austauschprogramm mat Lübbecke - Deel 2

Vum 17. bis den 20. November war et elo sou wäit - d'Schüler vun der 5.3 konnte zesumme mat hiren Elteren als Gaaschtfamillen eis däitsch Kolleginnen a Kollegen aus Lübbecke ophuelen. Moies an den Informatikssäll vum Victor Hugo goufen dann all di Artikelen, di zu Lübbecke preparéiert gi sinn, zou enger klenger Zeitung zesummegefaasst. Nomëttes stounge Visite beim Tageblatt, bei RTL, am Filmland an am Musée des Mines um Programm. Nieft der selwer gemaachten Zeitung konnten eis Gäscht och d'Ausgab vum Tageblatt vum 20. November, wou eng kléng Reportage iwwer eise Projet dra war, als Erënnerung un dës flott Deeg mat heem huelen. 
Photoen an der Galerie.

Europrojet : Lübbecke

Am Kader vum Europrojet war eis 5.3 vum 29.09. bis den 02.10. zu Lübbecke an Däitschland. D'Schülerinnen a Schüler hunn un engem Medieprojet am Wittekind Gymnasium zesumme mat enger Klass geschafft, di dann am November bei eis op Lëtzebuerg kënnt.

Photoen an der Galerie.

 
7. - 11. Mee 2014 : Europroject-Conference Luxembourg

Dëst Joer hate mir net wäit ze fueren: D’grouss Konferenz vun eisem Reseau ass vum Lycée Michel Rodange organiséiert ginn. Wéi och schonns 2010 bei eiser eegener Konferenz stoung den Thema „Migratioun“ am Mëttelpunkt. Wéi ëmmer hunn nieft der Proffen- an Dirketiounsdelegatioun véier SchülerInne kënnen deelhuelen. Als Special Guest war och Indien duerch eng Delegatioun aus Chennai representéiert.

D’Selma Bahtijari, d‘Carole Gaetti, d’Jackie Kihn an d’Esther Minden vun der IV/4.1 hunn am Virfeld zesumme mat hire Klassekameroden eng Rei vu Viraarbechte geleescht an eise Lycée da ganz erfollegräich vertrueden, begleet vun eisem Direkter Jean Theis an dem Europroject-Coordinator Rupert Kraushofer.

Während vun de Professeren de Bilan vum aktuelle Projet gemaach, d'Zukunft vum Europroject an diverse Working Sessions organiséiert an di divers Austauschprojete mat de Partnerschoule virbereet goufen, konnten di jonk Leit aus 17 verschidde Länner vill vunenee léieren. An de Workshope „social sciences and video“, “poetry”, “art” an “drama” gouf den Thema Migratioun vu verschiddene Säite beliicht, sief et mat enger Kaart di d’Migratiounsbeweegungen an Europa weist, duerch Bodypainting, deen d’Isolatioun vu Migrante siichtbar gemaach huet, sief et mat flotte Gedichter oder enger klenger Theaterperfomance – di jonk Leit ware mat Begeeschterung derbäi a waren sech eens: Nëmme wa mir een dem anere mat Respekt an Toleranz begéinen, kann de Fridden an Europa bestoe bleiwen.

An enger gemeinsamer Ofschlosszeremonie goufen d'Ergebnisser presentéiert an duerno bei der Farewell Party d’nei Frëndschaften, di d’Jugendlecher kräiz a quer duerch Europa laang iwwer d’Konferenz eraus wäerte verbannen, gefeiert.

Photoen an der Galerie.