Säit 2018 hu maer nees eng Schülerzeitung am LHCE, déi zwee bis dräimol am Joer erauskënnt. D ‘Redaktioun setzt sech zesummen aus Schüler a Proffen, jidderee vu 7e bis 1ère ass wëllkomm fir matzehëllefen. Maer treffen eis eemol an der Woch no der Schoul fir ze schaffen, mee et kann een eis och einfach Artikelen, Zeechnungen, Proffenzitater oder soss eppes Flottes un eis E-mail-Adress (schuelerzeitung@lhce.lu) schécken.
Enesa Agovic, Carole Pletschette a Viviane Weirich