De Ronaldo Ernesto Galeano aus dem Guatemala huet den 13. November 2019 der Optioun Spuenesch vun 3ème een Besuch oofgestatt. A Begleedung vum Paloma Cervantes aus Mexiko an vum Magali Paulus vun der ONG „Frères des Hommes“ (www.freresdeshommes.lu) huet hien eis op spuenesch vun sengem Heemechtsland an sengem Liewen erzielt. Als Affekot an Mënscherechtsaktivist vertrëtt hien déi „Schwaach“ aus der Gesellschaft, firun allem Urawunner („indígenas“) an déi Äermst vun den Äermsten. Obwuel hien oft schon Schlëmmes erlieft an iwwerlieft huet, gett hien net op an kämpft weider fir hir Rechter.
T’Optiounsschüler waren ganz konzentréiert an hun den Här Galeano gutt verstan. Si waren houfreg drop, him Froen op spuenesch ze stellen an sech esou mat enger Persou, déi um aaneren Enn vun der Welt wunnt, ze verstännegen.