Den 8. Juli koumen den Här Huss an den Här Thill vun der Amicale Natzweiler-Struthof op d’2G3 fir eng Präsentatioun iwwert d’KZ Natzweiler-Struthof ze maachen. Sie hun e Film projezéiert wou een d’Anlag an den Alldag vum KZ, mee och Biller déi Häftlingen do gemoolt hun an Fotoen vun de Responsabelen Nazien an Dokteren gesin huet. Dobäi hun sie vill interessant Erkläerungen zu dem KZ gin an och aus hirer perséinlecher Familjegeschicht a Verbindung mam Zweete Weltkrich erzielt.