Aktuell huet een d’Meiglechkeet bei eis am Gebai d’Austellung « Bitter Oranges » vum Anthropologe Gilles Reckinger ze kucken. E puer Klassen haten d’Meiglechkeet hien ze treffe fir iwwert säi Projet ze schwätzen a Froen ze stellen. Des Ausstellung weist den haarde Wee vu Flüchtlingen iwwer Lampedusa an Italien, déi dono wärend Joren a schwierege Konditiounen op Plantagen an Italien musse schaffen. Des Ausstellung mëscht engem d’Aaen op an deet een seng Kaafugewunneschten hannerfroen. Mir soen dem Här Reckinger Villmools Merci fir säin interessante Beitrag.