De 9. Juni konnten d’Schüler vun der 4.4, 4.5, 3.G1 an der 2.G2 un engem interessante Viirtrag iwwert d’Thema « Waasser an Ëmwelt » deelhuelen, deen op Invitatioun vum Institut français du Luxembourg erméiglecht gin ass.
Fir d’éischt huet d’Mme Marion Chaygneaud-Dupuy eis iwwert hier Erliefnisser am Himalaya bericht, wou si e Projet gestart huet, fir d’Offäll, déi um héchsten Bierg vun der Welt hannerlooss ginn, ze entsuergen. Dono huet d’Mme Veruska Muccione, eng Klimatologin vun der Uni Zürich, eis iwwert hier rezent Fuerschungen zum Klimawandel informéiert. Uschléissend huet d’Mme Nora Welschbillig vum Waasserwirtschaftsamt eis déi jéngst Renaturéierungsaarbechten um Beispill vun der Péitruss gewisen.