Schüler vun der 2eD1 hunn den Tour iwwert d’Klasse vum LHCE gemaach fir Sue fir THE ANIMAL RESCUE COOPERATIVE AUSTRALIA ze sammelen. (https://mkc.org.au)
Déi Kooperative këmmert sech em Déieren, déi duerch déi schwéier Bëschbränn an Australien a Nout komm sinn.
Am Ganze sinn 3000 € erakomm. E grousse Merci un iech all fir ären Don.