11 Mee 2019 : Conveniat LHCE

Den 11. Mee fënnt eisen Conveniat LHCE statt.  An deenen nächsten Deeg ginn all eis Ex-Primaner ugeschriwwen a kréien weider Detailer.

Op dëser Plaz fannt där an Zukunft all néideg Informatiounen.

Och wann Dir Iech am Virfeld schonn op Grond vun eisem FB-Appel bei eis manifestéiert hutt, wäre mir frou, wann Der Iech och nach emol iwwert dëse Wee offiziell géift umellen

Online Formulaire fir sech unzemellen

27 avril 2019 : Grande Porte Ouverte

View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId2607bea089

Porte Ouverte de 10h00 à 14h00

à l'intention des élèves du cycle 4.2 et de leurs parents.

Séances d'information : 10h00 (lux), 11h30 (fr), 12h30 (lux)

Visites guidées : en continu

Présentation des départements : en continu

Restauration : grillades et boissons

Programme et plan du site

Offre scolaire en 7e

7 ES

7 SPORT

7 ALLET

2 heures par semaine de mise à niveau en français (facultatif)

 

La brochure du LHCE

Mathésnuecht 2019 

Le jeudi 4 avril sera donné le coup d’envoi de notre «Mathésnuecht», un marathon nocturne mathématique où les élèves de 1ère ont la possibilité de se faire parrainer leurs problèmes résolus. Les montants ainsi récoltés seront intégralement reversés au profit de l’organisation non gouvernementale eschoise « Hand an Hand », qui réalise des projets dans le monde entier pour améliorer la condition de vie de certains enfants défavorisés.

Lien pour une promesse de don.

Rugby-Session mat 2 Traineren vum Rugby Club Luxembourg

D’4.1 huet eng Initiatioun an de Rugby kritt vum Scott Browne, lëtzebuerger Rugby-Nationalspiller an Trainer am RCL, a vum Paul Sweetnam, Trainer am RCL!

 
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProIdc3fc529636
Remise Chèque Chrëschtmoart 2018
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProIdf33e9f0437
 

Den 15. Mäerz 2019 ass a Präsenz vun der Direktioun a Schüler vum LHCE e Chèque an der Héicht vun 2 250 € iwwerreecht ginn.
Et handelt sech bei deem Montant em den Erléis vum traditionellen Chrëschtmoart deen den 18. Dezember 2018 am Lycée stattfonnt huet.
De Chèque hunn d'Madammen Anne Botzem an Mady Abens am Numm vun der ONGD Lëtzebuerger Guiden a Scouten entgéint geholl.

20 mars 2019 : Chimiesolympiad Lëtzebuerg 2019

Lors de la première édition de l’olympiade luxembourgeoise de chimie, Julie Hary et David Hammes de la I/1.C2 se sont qualifiés pour la demi-finale, qui se déroulera le 20 mars 2019 au Lycée Robert Schuman à Luxembourg. Lors de l’épreuve de qualification de 2 heures, les participants ont dû répondre à 17 questions pour un maximum de 100 points. La moyenne générale des élèves du LHCE, ayant participé à l’épreuve de qualification, était supérieure à la moyenne générale nationale.

Fairtrade

Am Kader vum Kapitel "Prozess und Auswirkungen von Globalisierung" am Kuer "Vie et Société" hunn d'Schüler vun der 6e1 deel geholl un engem Workshop organiséiert vu Fairtrade Lëtzebuerg zum Thema "Rethink your clothes".

7. Mäerz 2019 : Lasel Escalade

Felicitatiounen un d'Alessia fir säin Championstitel beim LASEL-Championnat Escalade JF/JG non-affilié(e)s an dem d’Lynn an dem Jesse fir hier gudd Participatioun un desem Championnat!

View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProIdebd0f09d47
LASEL : Fechten
 
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId615aa6ce9c

Den LHCE huet mat 7 Schülerinnen (uewen vun riets no lenks Cyndel, Laura, Laurie; ënnen vun riets no lenks Melisa, Julie, Leonor, Lara) um LASEL Escrime deelgeholl.

1. Mäerz 2019 : 4.6 beim Klammen

Och eis zweet Sports-4ième konnt sech am Klammen verbesseren goen.

View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId8b9c2e0054

Classe de neige 2019

1er mars 2019 « Job Talk 2019 » de 12h à 15h

Dans le cadre de l’orientation scolaire, les élèves du cycle supérieur ont l’occasion d’échanger avec des professionnels venant de multiples domaines.

Liste des intervenants

Fotoen an der Galerie

Vie et Société

Am Kader vum Kapitel "Krieg und Frieden" am Kuer "Vie et société" kruten d'Schüler an d'Schülerinne vun der 3e B an der 3e C Besuch vum Ayham, e jonke Syrer vu 25 Joer, deen säin Heemechtsland huet misse verloosse fir kënnen e wierdvollt Liewen ze féieren. Hien huet vu sengen Erfarungen erzielt, vu gudden a schlechten Erliefnisser a wat hien dorausser léiere konnt. Den Ayham ass ganz zefridden hei am Land a mécht elo gläich säin Ofschloss op der Universitéit.

 
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProIdf127206354
7 mars 2019 : Soirée "Orientation et Rencontres" 4e

La soirée "Orientation et Rencontres" entre les parents et les enseignants des élèves des classes de 4eaura lieu le jeudi, 7 mars 2019 de 18h00 à 21h00 au Lycée Hubert Clément.

Les inscriptions sont terminées.

7e Sport op der Kockelschéier
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId501cacf4d4
 

Den Mëttwoch, 30. Januar haten d’Schüler vun den Sports-7ièmen déi ganz Kockelscheier fir sech am Schlittschungfueren ze verbesseren

4.5 beim Klammen

Am Kader vun eisen Sportsklassen, konnten d’Schüler vun der 4.5 d’Klammen kennen léieren

 
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProIdd7ce010a6e
Februar-Valentin-Themendësch an der Bibliothéik

View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId95d7506dd8

Optioun Bénévolat
View the embedded image gallery online at:
https://lhce.lu/index.php#sigProId366565e700
 

Am Kader vun der Optioun Bénévolat hu 5 Schüler (Celina De Sousa, Lynn Faber, Julie Hary, Lory Hellenbrand a Marie Schneider) vum November 2018 bis Januar 2019 Spende gesammelt fir den Asile pour animaux régional zu Diddeleng. Si hunn dofir Kalennere vum Déierenasyl, selwergemaachten Hondskichelcher a selwergemaachten Deo (mat der Hëllef vun der Madamm Pilot an dem Chimiesteam) am Naturata zu Diddeleng an an der Schoul verkaf.

Den 18. Januar hunn déi 5 Schüler an der Begleedung vum Här Theis an der Madamm Feyereisen, dem Déierenasyl 1289,52€ iwwerreecht.

LGBTQ+ TABLE RONDE

 

De Schülercomité vum Lycée Hubert Clement organiséiert de Méinden, den 11. Februar um 14:30 eng Table ronde am Festsall vum LHCE. An Zesummenaarbecht mat dem Projet TRANSlation an H.E.R.O. vum LTL, dem CIGALE, Rosa Lëtzebuerg a ville méi, ka jiddereen deen interesséiert ass seng Froe stellen a méi Informatiounen zum Thema LGBTQ+ erhalen. Ausserdeem ginn iwwert verschidden Froen diskutéiert, wéi zum Beispill, wéi ass LGBTQ+ an der Schoul, an der Politik oder soss am Alldag vertrueden.

Jiddereen ass häerzlech Wëllkomm un der Table ronde deelzehuelen.

Bei weidere Froen kennt dir Iech gären beim Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.mellen.

28 février 2019 : Soirée "Rencontres" 3e - 1ère

La soirée "Rencontres" entre les parents et les enseignants des élèves des classes de 3e à 1ère aura lieu le jeudi, 28 février 2019 de 18h00 à 21h00 au Lycée Hubert Clément.

Les inscriptions sont terminées.

Initiation à l'escrime