16 juin 2011 : Soirée de témoignages

D’Schüler vun der 5e 3 an der 5e 4 waren zu Esch an d’Kulturfabrik op eng « soirée de témoignages sur la vie dans les camps de concentration nazis », organiséiert vum Musée nationale de la Résistance. Den Här Gerd Klestadt (Letzeburg) an den Här Henri Kichka (Belge) hunn aus hirem Liewen a v.a. vun hiren Erliefnesser an de Konzentratiounslageren erzielt.

14 au 16 juin 2011 : Stages

Den 14-16 Juni geet II/2eC1 (mat der Mme Christine Baustert) an 2eC2 (mat der Mme Jacky Laux) an den stage écologique an 2eB (mat der Mme Françoise Pescatore a mam H. Guy Muller) op den "stage mathématique".

28 avril 2011 : Porte Ouverte

Une séance d’information et de présentation aura lieu le jeudi 28 avril de 17.00 à 21.00 hrs au LHCE.

3 mai 2011 : Rencontre avec Taslima Nasreen

L’écrivain bangladaise TASLIMA NASREEN rencontrera des étudiants du LGE et du LHCE

mardi, le 3 mai 2011 à 10H00 au Théâtre d’Esch-sur-Alzette.

La rencontre se fera en langue anglaise.

3 au 8 mai 2011 : Kalamaria (Grèce)

Vum 3.5. bis den 8.5.11 vertrëtt am Kader vum Europrojet IRISS (Konferenz déi mir dat leschten Joer bei eis haten) eng Delegatioun den LHCE zu Kalamaria (Griichenland) : Caroline Konnen, Jean Theis, Steffi Kohl, Liss Scholtes, Scheuer Kim, Nadja Poensgen, Rupert Kraushofer. Feelt op der Foto : Carine Reuter.


12 mai 2011 : Girls' a Boys' Day

Consulter le site du SPOS pour des renseignements supplémentaires.

13. a 14. Mai 2011 :
De verluerene Jong (Jugendtheatergrupp Namasté)

Déi nei Produktioun vun Namasté baséiert op der berühmter „Parabel vum verluerene Jong“ aus der Bibel: eng Geschicht, en Theaterstéck mat enger staarker Traditioun, op dat Schoulen a Proffen schonn am Mëttelalter bzw. an der Renaissance zeréckgegraff hunn; an dat fir pädagogesch Zwecker, well d’Erzéiung vun „eise“ Kanner en Thema ass, dat ëmmer nach aktuell war an et natierlech och ëmmer erëm ass.

Dofir huet Namasté sech entscheed, dëst aalt Motiv frësch opzegräifen, mee – vu dass haut „alles anescht ass“ − gouf aus dem verluerene Jong e verluerent Meedchen, dat net seng Mamm verléisst, fir d’Welt kennen ze léieren, mee dat vu senger Mamm siwe Joer laang eleng doheem gelooss gouf an dofir schlecht opgewuess ass.

Duerch dat exakt Vertausche vun de Männer- a Fraerollen am geschichtleche Kontext stécht d’Wiidersënnegkeet vun deenen traditionelle Geschlechterrollen voll an d’A. D’selwecht awer bleift dat zentralt Thema vu Léift a Verzeien, wat dann och zum klasseschen Happy-End féiert. Lëschteg an nodenklech Szeenen wiesselen sech an dësem Kaméidistéck of, dat Ganzt an engem pittoreske Kader mat faarwegen a liewensfrouen historesche Kostümer.

Zesumme mat deene Jonken a mat der Ënnerstétzung vun der „aler Équipe“ aus der A.s.b.l. Namasté zeechent dës Kéier en neit Gesiicht fir d’Inszenéierung an d’Textgestaltung verantwortlech. D’Resultat iwwerrascht a léisst sech weisen!

Text a Regie: Massimo Sartini
Regie-Assistenz
: Luc van den Bossche
Bühnebild
: Marc Soisson, Fundus Namasté
Kostümer
: Nora Schmit, Odile Linden, Dagmar Reuter-Angelsberg
Luucht- a Bühnentechnik
: Sam Flammang, Alessandro Mastrapasqua
Touneffekter
: Kevin Bast, Tim Seuré, Christophe Becker
Produktiounsleedung
: Alex Reuter Assistenz: Sandy Santos, Robby Muller 

 

VIRVERKAUF AM LYCÉE HUBERT CLÉMENT

VIRBESTELLUNGEN Tel. 55 71 55 (14.00-16.00 Auer)

15 mai 2011 : 1er prix concours "Jeunes scientifiques"

 Die drei Schüler Amel Muharemovic, Charel Wohl und Cyril Wegner (3e) aus dem LHCE haben mit ihrem Projekt den Wettbewerb von "Jeunes Scientifiques" gewonnen.

  Das Thema : Schwermetalle setzen der aromatischen und gesunden Pflanze bei Wachstum und Entfaltung zu.  Sie nehmen am europäischen Jungforscherfestival in Helsinki teil.

16 au 20 mai 2011 : Visite de deux professeurs portugais

Vum 16 bis den 20 Mai sinn 2 portugisesch Franséischprofesserinnen, Marie Emilia Francisco (riets) an Maria Alice Dionisio (lenks), op Besuch déi den Christian D’Amico begleeden. Dat ass en Teacher-shadowing Projet am Kader vum IRISS-Projet


16 au 27 mai 2011 : Visite d'une élève américaine

Fir 2 Wochen ass eng amerikanesch Schülerin, d’Megan Younker, op der III/3.A. D’Megan ass beim Anja Sowa op Besuch.


20 mai 2011 : Remise des prix concours "genial 2011"

Les élèves suivants sont invités à la remise des prix pour le concours "genial 2011" :

Esteves Martins Kevin, Hill Cyrille, Thill Laura, Vaz Pereira Diana (classe 7.5) pour leur idée "AUTIO" et La Malice François (classe 7.1) pour son projet "AUTOFALTER"

20 mai 2011 : Rallye citoyen

Den 20. Mai huet d’2e D1 an d’2e G1 deel geholl um « City-Rallye citoyen 2011 » zum Thema « À la découverte des Libertés » (organiséiert vun CGJL, CIJ, eurodesk).

06 juin 2011 : Stëmm vun der Strooss

D’Anne Waringo, Responsabel vum Dagesfoyer Stëmm vun der Strooss vun Esch huet der FOMOS Klass 4e1/4e2 dess Associatioun virgestallt, di sech asetzt fir d’Integratioun vun benodeelegte Leit (wéi Obdachloser, Aarbechtsloser, Drogen-, Alkohol-, Medikamentenofhänger,...). Si war begleet vum Annette, déi erzielt huet vun hirem fréieren Alldag als drogenofhängeg Fra a wéi si et geschafft huet hier Sucht ze bekämpfen an nees e geregelt Liewen ze féieren.

11 juillet 2011 : Remise des prix Pro Latinitate

Le lundi 11 juillet, les meilleurs latinistes du Luxembourg ont reçu un prix d’encouragement remis par l’Association Pro Latinitate Luxembourg. Parmi les lauréats se trouvaient 5 élèves du LHCE : Clarisse Kombo (VIe), Giulia Lorenzato (VIe), Julia Smit (Ve), Raphaël Binda (IVe), Anne Zondacq (IIIe).
Félicitations pour votre zèle et votre mérite !