8. - 12. Mee 2013 : Europroject Armentières

europroject-logoDen Europroject hat dëst Joer vum 8. bis den 12. Mee seng grouss Konferenz zu Armentières bei Lille a Frankräich. Wéi ëmmer hunn op dëser Konferenz nieft der Proffen- an Dirketiounsdelegatioun véier SchülerInne kënnen deelhuelen. D'Teresa Chan, d'Zoé Jakoby-Konz, de Jean-Louis Seghetto an d'Alison Ulrich hunn eise Lycée ganz erfollegräich vertrueden, begleet vun eisem Directeur-adjoint Jean Theis, dem Europroject-Coordinator Rupert Kraushofer an dem Marie-Anne Leyder-Herschbach.
Während vun de Professeren de Bilan vum aktuelle Projet gemaach, d'Zukunft vum Europroject an diverse Working Sessions organiséiert an di divers Austauschprojete mat de Partnerschoule virbereet goufen, konnten di jonk Leit aus 18 verschidde Länner vill vunenee léieren, sief et beim Erschafe vun engem gemeinsame Konschtwierk, der Organisatioun vun engem Galadinner fir 350 Persounen an, dem Héichpunkt vum Meeting, beim Matenee-Kache vun eben dësem Dinner. D'Begeeschterung war grouss, all di franséisch Gaaschtfamillen, Professeren aus ganz Europa wéi d'SchülerInnen selwer konnte landestypesch Spezialitéite genéissen a mat beschter Laun eng memorabel Konferenz beim Danzen ausklénge loossen.

Photoen an der Galerie.