26 Juni 2015 : Rallye du citoyen
D'Klassen 2D1G1 an 2G2 hunn am Kader vum Instruction civique, Geschicht a Philosophie-Cours um Rallye du citoyen deelgeholl.
Si hunn do Froebéi mussen ausfëllen an deenen et z.B. iwwert d'Education a Gläichberechtegung goung, si hunn Missiounen vun MSF nogespillt oder Knäpp ugebitzt a Luuchten zum Liichte bruecht. Ënnert anerem gouf eng Waasserleitung probéiert ze bauen an bei Amnesty international gouf et Informatiounen iwwert d'Gewaltuwendung vun Autoritéiten. Am groussen Ganzen war et e flotten Dag mat ganz engagéierten Equipen. Déi dräi Gewënnerequipen waren alleguer aus dem LHCE.