2. a 4. Juni 2015 : Atelier Greenpeace

« Si les abeilles venaient à disparaître de la Terre, l’humanité n’aurait plus que quatre années à vivre »

Am Kader vum Beiestierwen huet de LHCE an Zesummenaarbecht mat Greenpeace en Atelier fir verschidden 7es a 6es organiséiert. Des Atelieren waren den 2. a 4. Juni a hunn zwou Stonnen gedauert. An engem theoreteschen Deel kruten d’Schüler Informatiounen iwert de Beien hiert Liewen an hier Problemer säit den 90er Joeren. Vun deemools un huet d’Beiepopulatioun konstant ofgeholl an och zu Lëtzebuerg sinn tëschent 2010 an 2013 ronn 40% vun de Beiestäck verschwonnen. Am prakteschen Deel konnten eis Schüler dunn „Seedbombs“ bauen, harmlos Bommen, déi aus Buedem a Somkären bestinn. D’Schüler kruten déi „Bomme“ mat heem fir se an d‘Natur ze geheien. Déi Planzen, déi aus deene Kären entstinn, sinn besonnesch nektarräich an intressant fir d’Beien. Sou konnt jiddereen eppes konkretes géint d’Beiestierwen ënnerhuelen.

Photoen an der Galerie.