21. - 25. Mee 2015 : Photo-Stage Stockholm

Am Kader vum Europroject waren d'Photosoptioune vun 3e (Madame Pascale Krier) an 2e (Monsieur Rupert Kraushofer) vum 21. bis de 25. Mee zu Stockholm. An Zesummenaarbecht mat eiser Partnerschoul "Danderyds Gymnasium" an hirem Design a Visual Arts Departement war am Virfeld e Programm zum Thema "Stereotypen" entwéckelt ginn, den da vun de schwedeschen a Lëtzebuerger Studente matenee fotographesch ëmgesat gouf. Als Präsentatiounsform fir de Resultat gouf eng klassesch Fotosausstellung gewielt, di selwer preparéiert gouf an am Hierscht och an eisem Lycée ze gesi wäert sinn.

Photoen an der Galerie.