Texel - 2015

Vum 3. bis den 7. Mee hunn d’Schüler vun der 2e C an 3e C am Kader vum Biologieprogramm un engem Stage écologique zu Texel deelgeholl. Trotz dem geleeëntlechen Reen an dem deels kräftegen Géigewand hunn si op Zänn gebass an sinn mam Vëlo iwwert ganz Insel geradelt fir déi eenzegaarteg Liewensraim kennenzeléiren. Am Watt waren si op der Sich no den Krabben, dem Wattwuerm oder och nach den Sandklaffmuschelen. Iwwert déi ganzen Zäit hunn si och déi verschidden Wattvögel an Meiwen kennegeléiert an souwuel an den Dünen wei och an den Salzwisen déi spezifesch Planzen bestëmmt an analyséiert. Eis Visite op der Plage hat och näischt mat relaxen ze dinn, mee et ass alles vun Strandgut gesicht an bestëmmt ginn, vun eidelen Plastiksfläschen iwwert Muschelen bis hin zu Schulpen vun den Tëntefeschen war alles derbäi. Trotz ustrengenden Deeg waren d’Schüler mat vill Motivatioun derbäi an et war fir eis alleguer eng positiv Erfahrung.
Photoen an der Galerie.