Vum 11.11.-13.11. hunn d’Hannah Back, d’Ana Borges, d’Clara Mahnen, d’Lisa Miranda, d’Luz Schaefer an d’Lara Schummer, zesumme mam Här Theis, dem Här Fabeck, der Mme Konnen, dem Här Kraushofer an der Mme Krier op der Europroject Konferenz an der MUN-Konferenz deelgeholl, déi béid vum Lycée Michel Rodange organiséiert gi sinn. D’Konferenz stoung ënnert dem Thema « MEGA-Make your Environment Great Again », wou souwuel a Workshops, wéi an de MUN-Konferenzen iwwert dëst Thema geschafft an diskutéiert ginn ass. Mir gratuléieren dem Lara, dem Luz, dem Hannah an dem Ana, déi als best delegates ausgezeechent gi sinn.
Megalux 2019
28/11/2019