Vum 2. bis 4. Februar 2023 war den LHCE mat enger Delegatioun vun 8 Schüler op der NaMUN – Model United Nations Konferenz zu Namur – vertrueden. Dëst waren d’Berit Detaille, de Robert Engel, d’Nora Kessam, den Gianni Magini, d’Andjela Nešic, d’Amélie Nosbusch, d’Emma Priester an d’Kenza Taibi. Insgesamt hunn 63 Schüler aus 7 Länner um Event deelgeholl, deen am Wallounesche Parlament stattfonnt huet.
D’Schüler hunn un interessanten Debaten zu aktuelle politeschen a geopoliteschen Themen deelgeholl, a bei dësem Austausch wäertvoll Erfarunge gesammelt.
Si goufe begleet vun der Mme Baechler an der Mme Pletschette.