D‘Madame Monteiro vun Fairtrade-Lëtzebuerg huet op der Klass 6.5 d‘Schülerinnen a Schüler fir d‘Problemer an der Produktioun vun Kleeder sensibiliséiert. z.B. beim Cotton den Asaatz vun Pestiziden an de Waasserverbrauch, Waasserverschmotzung beim Fierwen vum Stoff, d‘Aarbechtsbedingungen vun den Textilaarbechter, zu denen och en Atelier stattfont huet. Als Alternativ huet si de Schülerinnen a Schüler d‘Méiglechkeeten vum Secondhand an och Upcycling erklärt. Zum Schluss as an enger Diskussiounronn op d’Viirdeeler vun fair gehandeltem Cotton awer och vun aneren fair gehandelten Produkter wei Bananen, Kakao, Kaffi an Tei a.s.w. higewise gin.
rethink fashion
11/02/2020