D‘3eG1 war den 23. Mee mam Här Noël eraus op den Terrain fir den ënnerschiddleche Verlaf vun der Uelzecht zu Esch an zu Schëffleng ze gesinn. Den Här Mersch (Biomonitor) huet déi néideg Erklärungen zu der kanaliséierter Uelzecht (beim Site ArcelorMittal Schëffleng-Esch) an zum renaturéierten Deel am Naturschutzgebitt „Dumontshaff“gin.