D’ Schüler vun der Optioun Bénévolat hunn d’ lescht Joër bei der Journée de la Solidarité en Atelier fir all d’ 7ième Schüler organiséiert, wou se duerch hire sportlechen Asaz konnte Sue fir d’
ASBL “Little Angels” sammelen. Fir all Tour ronderëm d’ Schoul konnten Elteren, Grousselteren oder Frënn mat engem Don Kanner an Nout hëllefen.
3000 €, déi dobäi gesammelt goufen, gi fir d’ Kannerheem “Green Olive Children’s Home” am Kenia a fir d’ Schoul “Visionary Learning Centre”
am Uganda gespent. Mat dene Sue gi fir iwwert 200 Kanner Iessen, Schoulmaterial, Uniformen, medezinesch Versuergung an d’ Paie fir d’
Léierpersonal bezuelt.
Mir soe jidderengem, de bei dëser Spendenaktioun bedeelegt war, e grousse Merci!