D’2G1 war den 23.11. am Kader vun hirem Instruction Civique Cours am Palais de Justice an der Stad. Do konnten sie um Atelier YOUstice vum Zentrum fir politesch Bildung deelhuelen, dat heescht sie hun sech e Prozess ugekuckt a konnten duerno mat engem Staatsanwalt an enger Richterin schwätzen. Dobäi kruten sie interessant Informatiounen iwwert de Fonctionnement vun der Lëtzebuerger Justiz an d’Roll vun deenen verschiddenen Acteuren. Am Nomëtteg hun d’Schüler dunn déi Informatiounen sellwer an engem Rollespill emgesat an e Prozess nogespillt.
Youstice mat der 2G1
23/11/2022